| Challenge 2018
Den eh moien™ Challenge 2018 ass lancéiert. No 2014 heescht et d'nächst Joer fir déi zweete Kéier "E Won fir d'Fuesent" fir d'Kavalkaden zu Dikrech, Esch a Réimech an dat mat eegener asbl, déi an de kommende Woche gegrënnt gëtt. D'Dekoratioun vum Won, d'Kostümer, d'Kamellen etc ginn duerch Sponsoren an eege Manifestatiounen vun der asbl finanzéiert. Informatiounen zu de Preparatiounen vum Won fir déi 39. Dikrecher Kavalkad (1. Termin) den 11. Februar 2018 an zu de Versammlungen vun der asbl ginn an de nächste Méint no a no publizéiert...

