| SONΛ

Nom Projet Xit2hope (2013-2015) ass et säit 2016 u SONΛ. Och hei gëtt Wäert op déi lëtzebuergesch Sprooch geluecht, deels vermëscht mat englechen Texter. Am Fréijoer 2016 koum mat "In the End", engem lëtzebuergesche Cover vu Linkin Park, dat éischt Stéck eraus an ech hu nei Texter geschriwwen.

Fir dëst Joer sinn ënnert anerem d'Stécker "Bring me to Life" (Cover vun Evanescence) an "Summertime" geplangt. Och hei hunn ech all d'Texter vun de Lidder selwer geschriwwen an ech wäert se och selwer rappen. D'Refrainer ginn zum Deel vu befrënne Sänger agesongen. D'Museksvideoen ginn och erëm selwer produzéiert mam Ënnerscheed, datt dës Kéier all d'Sänger och an de Videoen ze gesinn sinn.

Bedéngt doduerch, datt ech ab dësem Joer alles selwer ophuelen a produzéieren, kënnt virum Summer kee neie Video eraus...

SONΛ feat. Danny Jans | In the End