| Xit2hope
2013 hunn ech ugefaangen, ënnert dem Numm Xit2hope eege Liddertexter am Studio op ze huelen. Heibäi hunn ech Wäert op déi lëtzebuergesch Sprooch geluecht. Als éischt Stéck koum dat selwecht Joer "Lëtzebuerg" eraus.
Fir d'Fuesent 2014 koumen dunn an Zesummenaarbecht mam Marc Schmit* d'Stécker "Rout-Gréng-Blo" (*Hoppen Théid) an "'t ass Kavalkad zu Dik(e)rech" (*Gaston Vogel - net online) eraus. E wéineg méi spéit am Joer koum du nach "Enough", e Stéck iwwert d'Affär Bommeleeër eraus. All d'Texter vun de Lidder hunn ech selwer geschriwwen an agesongen respektiv gerappt. D'Museksvideoen sinn och vu mir selwer produzéiert...